An dëser neier Wiederwoch mierke mir zwar, dass de Summer nach net ganz eriwwer ass. Allerdéngs schéngen zur selwechter Zäit d’Zutaten erfëllt fir Reen, mee awer och potenziell Donnerwiederen.
D’Grousswiederlag versprécht mëttlerweil e méi variabele Verlaf fir déi nächst Zäit. Engersäits ka sech doduerch keng nohalteg Hëtzt-Glack méi forméieren, wat awer e puer eenzel Hëtzt-Stéiss trotzdeem net ausschléisst. Et war e nawell extreemt Onwieder, wat e Mëttwoch nëmme ganz knapp nërdlech un eisem Land laanschtgezu war. Ech ka nëmme soen, dass mir wierklech immens vill Chance haten. Nach e Méinden hate mir op dëser Plaz zwar dovu geschwat, dass eis relevante Reen aus Weste méi no kënnt, mee eréischt am Verlaf vun en Dënschden hu sech d’Signaler fir eng potenziell Onwiederlag an de Wiederm
Immens dréchen, mee awer och waarm Konditiounen haten eis an de leschten Deeg ëmmer nach fest am Grëff. Deemnächst ginn d’Temperaturen awer däitlech zréck an och d’Chance fir Ree weist sech ëmmer méi dacks
Zanter en Donneschden hu mir et mat engem zousätzleche Stouss un hëtzege Loftmassen ze dinn, déi eis direkt aus dem déiwe Süde vum Kontinent erreechen. Dës Zoufuer wäert awer scho geschwënn ënnerbrach ginn.
Et steet eng Woch mat vill Sonn an ëmmer méi héijen Temperaturen un. D’Hëtzt scho fir d’fënnefte Kéier an dësem Joer am grousse Stil a Richtung Lëtzebuerg transportéiert. Dës Kéier hu potenziell Nidderschléi nach manner gutt Chancen.
Op en Neits wäerten an nächster Zäit d’Konditiounen erfëllt sinn, datt nees hëtzeg Loftmassen aus dem déiwe Süde vum Kontinent op Lëtzebuerg gezu kommen. Och d’Dréchent wäert sech duerch dëst Muster weider verschäerfen.
Ufanks der neier Woch erreecht eis e weidere Virstouss vun héichsummerleche Loftmassen aus dem déiwe Süde vum Kontinent. Stand elo kann dësen awer geschwënn ofgeschnidde ginn.
Déi puer rezent Déifdrockstéierunge bréngen de Summer net vu sengem Wee of. Och an nächster Zäit di sech Situatiounen op, an deenen de Reen op d’mannst probéiert, sech méi oder manner zu Lëtzebuerg ze weisen. Et huet awer och vill mat Chance ze dinn.
Nodeems eis de Weekend eng schwaach Kalfront lokal deen een oder anere Liter Ree bruecht huet, geet et elo erëm meeschtens dréchen a virun allem vill méi waarm virun. Déi véiert Hëtztwell vum Joer geet dës Woch un.
Et war nëmmen eng Fro vun der Zäit: Déi véiert Hëtztwell vum Joer kënnegt sech un. An den nächsten Deeg, a bis an déi nächst Woch eran, wäert sech en interessante Verlaf vun eisem Wieder weisen. Et gëtt kuerz héichsummerlech, éier eng Kalfront dës Phas ënnerbrécht – mee dat ass net fir laang.
An Tëschenzäit huet sech eis Grousswiederlag däitlech ëmgestallt: Et gi manner waarm Loftmassen ugezaapt, deels kënnt et och lokaliséiert zu e bësse Reen – dat geet der Natur awer nach laang net duer.
Déi drëtt Hëtztwell vum Joer geet mam Dag vun haut op en Enn. Jiddereen, deen d’Hëtzt net esou richteg aus sengem Haus oder senger Wunneng erauskritt, wäert sech iwwer déi nächst Deeg freeën. Et ass erëm Duerchootmen a virun allem Duerchlëften ugesot!
Lëtzebuerg braucht dréngend Reen, d’Dréchent ass an Tëschenzäit kaum nach ze iwwersinn. D’Natur ass doduerch och staark ufälleg fir Flächen- a Vegetatiounsbränn. Elo schéngt e bëssen Hoffnung opzekommen.
Dat nächst Héichdrockgebitt bleift iwwer eise Géigenden hänken a suergt fir déi bis ewell drëtt Hëtztwell vum Joer. Virun allem markant ass an Tëschenzäit de Reendefizit zu Lëtzebuerg. Gëtt et e bëssen Hoffnung?
Dëse Summer weist sech weiderhi vu senger méi intensiver Säit: Am déiwe Südweste vun Europa ass eng nei Hëtztwell amgaangen, déi hir Füler an den nächsten Deeg och op Lëtzebuerg wäert ausstrecken.
D’Summerwieder ass ëmmer nach bei eis, mee d’Nuechte kënne richteg kill ausfalen. Zwar funken an nächster Zäit och mol deelweis e puer Déifdrockstéierungen dotëschent, an awer bleift nennenswäerte Reen éischter rar. De Potenzial vun enger weiderer Hëtztwell bleift bestoen.
Den “Heat Dome” iwwer eis léist sech op, resp. zitt a Richtung Osteuropa virun. Elo gerode mir ënner en anert Stréimungsbild, duerch dat och den Atlantik erëm e Wuert däerf matschwätzen. D’Fro ass just, fir wéi laang.
Zanter e Mëttwoch kënnt et zu enger historescher Hëtztwell zu Lëtzebuerg. Reng op de Juni bezunn ass et déi längst an och déi wäermst zanter Opzeechnungsufank, dat gouf en Donneschde confirméiert.
D’Hëtzt mécht sech zu Lëtzebuerg breet an et geet eigentlech eréischt un. Eng immens waarm Wiederwoch steet virun eis.
Eis momentan Hëtztwell setzt sech fort, mee fir wéi laang? Nodeems de Juni jo net esou waarm ugaange war, gëtt all dat elo nogeholl ... an et ass schonn erëm ze vill däers Gudden. Wäit iwwerduerchschnëttlech Temperaturen hunn eis am Grëff.
An den nächsten Deeg ginn d’Temperature séier an d’Luucht. D’Konstellatioun vun den Drockgebitter passt geschwënn, fir datt däitlech méi waarm Loftmassen aus dem déiwe Süde vum Kontinent hire Wee op Lëtzebuerg fannen.
Nach hale sech d’Temperaturen zeréck, mee dat soll net esou bleiwen. Schonn elo de Weekend hätt et verschiddene Berechnunge no scho misse waarm ginn, mee dat gouf elo e Stéck no hanne verréckelt.
Nach hale sech d’Temperaturen zeréck, mee dat soll net esou bleiwen. Zanter dem Ufank vum meteorologesche Summer sinn eis Temperaturen an den net summerleche Beräich erofgerëtscht. Dëst Muster soll awer geschwënn erëm wiesselen.
No e puer interessanten Deeg blécke mir gespaant an d’Zukunft. Deels kräfteg Donnerwiederen hunn net wäit ewech vu Lëtzebuerg fir Schued gesuergt. No dëse gëtt elo den Temperaturtrend nees méi interessant.
Déi rezent Hëtztwell bei eis ass de Weekend op en Enn gaangen. D’Astréime vun de waarme Loftmassen aus de leschten Deeg gëtt ënnerbrach. Fir en Dënschdeg ass esouguer schonn déi nächst Kalfront mat dobäi.