Episodes
Reading the feed…
Reading the feed…
Zënter dem Ufank vun der Woch ass de Conseilspresident António Costa op engem groussen Tour duerch déi europäesch Haaptstied: Säi Plang ass et, bannent den nächsten dräi Woche bei all de Staats- a Regierungscheffe vun de 27 Memberlänner vun der Unioun ze passéiere fir, wéi hie seet, hinnen nozelauschteren a sech ee Bild ze maachen iwwer hir Positiounen. Ee Sujet stécht dobäi besonnesch eraus: Den nächsten europäesche Budget, dee vun Ufank 2028 bis 2034 gëlle soll. Zil ass et, datt sech déi 27 EU-Länner bis Enn dës Joers iwwer déi Enveloppe vu bal 2 Billiounen Euro eens ginn. Dat ass ambitiéis,
Lëtzebuerg schéckt ee Läschfliger genee wéi 15 Pompjeeën a Frankräich, fir ze hëllefen d’Bëschbränn an de Grëff ze kréien. Koordinéiert gëtt deen Asaz zu Bréissel, am Zentrum vum sougenannten EU-Mechanismus fir d’Protection civile, wou d’Fiedem fir déi europäesch Noutfallmesuren zesummelafen. Vun do aus gëtt d’Hëllef op europäeschem Niveau koordinéiert an ofgestëmmt. D’Danièle Weber konnt sech op der Plaz an där Kommandozentral, matten am EU-Quartier zu Bréissel, selwer ee Bild maachen doriwwer, wéi dat funktionéiert.
Sielen ass sech d’Parlament esou eens - déi nei Reegele gi vun enger ganz breeder Majoritéit gedroen. Déi gutt Nouvelle ass: D’Rechter vun de Passagéier ginn net beschnidden. Dofir hat sech d’Europaparlament an de Verhandlunge mat de Memberlänner agesat. D’EU-Länner haten nämlech laang drop bestanen, datt d’Airlinen an Zukunft hire Clienten eréischt bei gréissere Retarden eng Kompensatioun ausbezuele mussen. Mee wat ännert sech elo konkreet? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
An der EU kéint fir d’éischte Kéier eng europäesch Partei EU-Fonge gestrach kréien. Am Europaparlament gëtt doriwwer ofgestëmmt, ob eng Prozedur géint d’Partei “Europa vun de Souveränen Natiounen” - kuerz ESN soll lancéiert ginn. Et wier déi éischte Kéier, datt dem neien europäesche Parteiegesetz no esou eppes gemaach géif. D’ESN ass op europäeschem Niveau d’Doheem vun der däitscher “Alternative für Deutschland”. Si ass den Ament mat 27 Deputéiert am Europaparlament vertrueden. Detailer vum Danièle Weber
Déi lescht Woch koum et um Lëtzebuerger Nationalfeierdag zu Bréissel zu enger Reunioun, déi fir vill Diskussioune suergt. En Dënschdeg hate sech Vertrieder:innen aus der EU mat enger Delegatioun vun den Taliban aus Afghanistan an der belscher Haaptstad gesinn, fir iwwer d’Retoure vun afghanesche Migranten, déi keng Openthaltsgeneemegung an der EU hunn, ze schwätzen. Wou dee Meeting statt fonnt huet, ass net bekannt. Och net wouriwwer genee geschwat gouf. Verschiddene Medien no solle vun europäescher Säit nieft der Europäescher Kommissioun och 15 EU-Memberlänner op där Reunioun mat derbäi gewie
Bei de weiderhi ganz héijen Temperaturen dobausse souze gëschter um Kierchbierg d’EU-Ëmwelt-Ministere beieneen - fir op en Neits iwwer d’EU-Klimaziler ze diskutéieren. Virun allem Däitschland, mee och verschidden osteuropäesch Länner stellen dat bis 2035 geplangten Enn vum Verbrenner-Motor weider a Fro. D’Europäesch Kommissioun hat bekanntlech am Dezember noginn an eng ofgeschwächte Versioun vun deem Verbuet proposéiert. Mee och dat geet Berlin nach ze wäit. Aner EU-Länner, dorënner Frankräich oder och Lëtzebuerg, wëllen awer un ambitiéise Klimaziler festhalen. Den Debat ënner den Ëmweltminist
19 Länner haten um Bord vum Sommet gefuerdert, datt den Opbau vun de Return Hubs sollt mat EU-Sue finanzéiert ginn. Domat ass awer net jiddereen averstanen. Detailer vum Danièle Weber
Den europäesche Budget suergt all siwe Joer fir Sträit ënner de Memberlänner: Traditionell sti sech zwee Campe géintiwwer: déi, déi méi, an déi déi manner Sue wëllen ausginn. Wat steet dës Kéier um Spill a wou steet Lëtzebuerg? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Den ëmstriddenen Deal tëscht den USA an der EU iwwert Douanestaxen ass eng Etapp weider - nodeems d’Europaparlament an d’Memberlänner an der Nuecht vun e Denschdeg op e Mëttwoch ee politeschen Accord fonnt hunn. D’Parlament hat insistéiert, datt beim Accord, deen d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen am Summer zejoert a Schottland mam amerikanesche President Donald Trump ofgemaach huet, misst nogebessert ginn.... an huet sech um Enn domat duerchgesat. Den Deal soll ëmgesat ginn, allerdéngs ënnert bestëmmte Konditiounen. Wéi eng sinn dat? An ass deen Accord, dee virgesäit, datt fir d’USA e
Zanter datt d’Strooss vun Hormuz zou ass, schéissen d’Präisser fir Düngemëttel an d’Luucht: D’Baueren an Europa kréien d’Suitte vum Krich am Iran ganz konkret ze spieren. Si fuerdere méi Ënnerstëtzung vun der EU-Kommissioun. Déi awer reagéiert elo net direkt. Gëscht huet den zoustännegen EU - Kommissär fir d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen, säin Aktiounsplang fir d’Düngemëttelen (dee scho méi laang geplangt war) presentéiert - Subside fir d’Bauere gehéieren do zwar dozou -si sollen awer réischt am Juni konkret op den Dësch geluecht ginn. Firwat net direkt a mat wat kënnen d’Bauere rechnen
D'CSV-Politikerin, déi dräi Mol EU-Kommissärin war, krut gëschter den Uerde fir Europäesch Meritten iwwerreecht. Mir froen si: Wat feelt der EU haut, wat se fréier hat? An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Soll d’EU eng eegen, eng Europäesch Arméi op d’Bee stellen? Iwwert déi Iddi gëtt an der EU ëmmer nees diskutéiert. Och de Lëtzebuerger Premier huet se schonn e puer Mol an d’Spill bruecht. D’Annonce vun den USA, massiv Truppen aus der EU ofzezéien, huet de Sujet nees op den Dësch bruecht. D’EU misst op dee Réckzuch duerch d’Opstelle vun enger europäescher Trupp äntwerten, fënnt zum Beispill den EU-Kommissär fir d’Defense, den Andrius Kubilius. Ma säin Appell ass net op Begeeschterung gestouss. Och net bei der Lëtzebuerger Arméisministerin.
Verschidde grouss Länner vun der Europäescher Unioun sinn der Meenung, datt d’EU sollt zesummen op d’Energiekris reagéieren. Si fuerderen zum Beispill eng zousätzlech Steier op exzeptionell Gewënner fir Energie-Entreprisen oder méi labber Budgetsreegelen, fir Investitioune méi einfach ze maachen. Bréissel awer wénkt of. D’EU-Kommissioun wëllt den Ament keng gemeinsam europäesch Mesurë proposéieren. Dat waren déi kloer Wierder vum zoustännegen EU-Kommissär Valdis Dombrovskis. D’Danièle Weber iwwer d’Diskussiounen, déi ënner den EU-Finanzministere geféiert gouf.
De Peter Magyar, dee frësch gewielten zukünftegen ungaresche Premierminister war gëschter op zu Bréissel op Besuch - hie gouf souwuel vun der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun wéi och vum Conseilspresident Antonio Costa empfaangen. Bei den héichrangege Gespréicher dierft et virun allem ëm eent gaange sinn: Wéi eng Konditioune mussen erfëllt ginn, fir datt déi nei ungaresch Regierung vun de ronn 16 Milliarden Euro ka profitéieren, déi Bréissel op Äis geluecht huet, well d’Regierung vum Viktor Orban géint EU-Valeure verstouss huet. Am Europaparlament gouf et iwwerdeems zu deem Theema
D’Energiekris a wéi an der Europäescher Unioun soll dorop reagéiert ginn - dorëms geet et haut a muer op engem informellen EU-Sommet op Zypern. D’Staats- a Regierungscheffe wäerten als éischt d’Mesuren ënner d’Lupp huelen, déi d’Europäesch Kommissioun gëschter proposéiert huet. De Krich am Iran an d’Hëllef fir d’Ukrain si weider Sujeten um Ordre du jour an den zukënftegen EU-Budget, bei deem Lëtzebuerg eng schwiereg Positioun wäert hunn. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
An der Europäescher Unioun kéint et haut zu engem Accord an engem Dossier kommen - deen éischtens schonn zéng Joer schleeft an dee fir Lëtzebuerg zimmlech wichteg ass: Rieds geet vum Reglement, datt d’Securité Sociale-Systemer ënner de Memberlänner koordinéiert soll ginn. Fir de Grand Duché geet et do ëm vill Suen. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
D’Ukrain sollt integral an den europäesche Verteidegungssystem integréiert ginn. Dat hat déi lescht Woch den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gefuerdert. Net géint déi Iddi weist sech elo den EU-Kommissär fir d’Verteidegung. D’Europäesch Unioun misst ee System op d’Bee setzen, deen iwwer just d’Länner vun der Unioun erausgeet. An d’Ukrain hätt duerch hir Experienz mam Krich an der Waffeproduktioun Kapazitéiten, déi d’EU net huet, seet den Andrius Kubilius op eis Nofro. De Litauer schléisst net aus, datt d’Ukrain och kéint Deel vun enger europäescher Arméi ginn. Den EU-Kommissär fir d’
An der EU gouf e Sonndeg den Owend op ville Plazen opgeotemt: Datt de Viktor Orbán an Ungarn no 16 Joer ofgewielt gouf, gouf zu Bréissel allgemeng ganz positiv opgeholl. Den ungaresche Premier blockéiert zanter Joren ëmmer nees Decisiounen op europäeschem Niveau - elo gëtt erwaart, datt eng méi konstruktiv Approche en vue ass. An Ungarn ass ëmgedréit d’Hoffnung grouss, datt Bréissel déi agefrueren EU-Suen ënner där neier Regierung geschwë fräischalt. Wéi séier kann dann elo domat gerechent ginn, datt déi Blockagen op béide Säiten opgehuewe ginn? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Dani
Woufir steet de Politiker? Eis Europakorrespondentin Danièle Weber huet zu Budapest mat Experte geschwat.
No 16 Joer un der Muecht kéint de Viktor Orban an Ungarn ofgewielt ginn. Vill Leit schéngen es genuch ze hu mam Regime, deen hien opgebaut huet. Ee Bléck op de Walkampf, deen op Héichtoure leeft - mat eiser EU-Korrespondentin, Danièle Weber, déi op der Plaz ass. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
D’Europaparlament stëmmt iwwert den EU-US-Handelsaccord of, nodeems d’Diskussiounen doriwwer widderhuelt op Äis geluecht gi waren. D'Parlament hat dee Vott ausgesat, no de Menacë vum Donald Trump, fir d’Taxen nees an d’Luucht ze setzen an d’USA domat gedreet hate Grönland ze annektéieren oder awer nodeems dat iewescht Geriicht an den USA déi amerikanesch Douanestaxen als net gülteg deklaréiert hat. Et gëtt elo awer erwaart, datt d’Parlament säi Blockage opgëtt - dee “Jo” allerdéngs u Konditioune knäppt. Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet P
An der europäescher Debatt iwwer den Irankrich huet bis elo virun allem de spuenesche Premier Pedro Sanchez erausgestach. Hien hat déi amerikanesch-israeelesch Attacke besonnesch däitlech kritiséiert. D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen, huet dat wéi vill anerer net gemaach an hat e Méindeg duerch eng Ausso fir Diskussioune gesuergt. Europa kéint net weider iwwer déi al Weltuerdnung waachen. Déi wier fort a kéim net erëm, esou d’Cheffin vun der Kommissioun. Dës Ausso gouf hir als eng Zort Support fir dem Donald Trump seng Politik op der internationaler Tribün
Zanter 1973 verkeeft den Ali Akbar Dageszeitungen an de Stroossen, Caféen a Restauranten am Paräisser Staddeel Saint-Germain-des-Prés. Hien ass dee leschte sougenannte “vendeur de journaux à la criée” a Frankräich, vläicht esouguer an Europa. Fir säin Engagement krut hien am Januar eng Éierung vum President Macron - een ale Bekannte vum Zeitungsverkeefer. De Max Tholl huet den Ali Akbar op senger deeglecher Tournée zu Paräis begleet.
Bréissel verweist en Vue vun der Fuerderung vun der Biergerinitiativ My voice my choice op den Europäesche Sozialfonds, dee kéint fir den Accès op Avortemente geholl ginn.
D'Deputéiert vun der Assemblée nationale hu sech fir déi entspriechend Gesetzespropos ausgeschwat. Eise Korrespondent Max Tholl analyséiert den Debat.