Episodes
Reading the feed…
Reading the feed…
An dësem Podcast aus der Rubrik “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” geet et nach emol ëm Kompetitivitéit an zwar ëm d’Fro, ob d’EU an Europa kënne kompetitiv bleiwen ouni qualifizéierte Main d’oeuvre vu bausse mat eranzehuelen? Wat schwéier ass mat enger ëmmer méi strenger a restriktiver Migratiounspolitik. Wat maachen? Eng qualifizéiert Migratioun géint eng Qualifizéierung vu lokaler Main d’oeuvre, esou kéint een déi aktuell Situatioun beschreiwen. Am Fong geet et dorëms, en dynameschen Aarbechtsmaart ze hu mat de richtege Qualifikatiounen. E
An den nächste Podcasten “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” steet d’Consommatioun, d’Consommateuren an d’Rechter vun e Leit am Mëttelpunkt. Et ass kloer, datt mir an enger Konsumgesellschaft liewen. Dofir huet d’Consommatioun och e grousse Stellewäert. Natierlech ass dës awer och en Terrain, op deem Kriminalitéit sech och ufänkt breet ze maachen. De Bedruch an der EU hëlt nawell zimmlech zolidd zou an d’Gauner änneren och ëmmer nees hir Strategie: Dat geet vum Klaue vun Donnéeë bis eriwwer bei d’Manipulatioun vu Mënschen an dobäi notzen d’Bri
Vun enger Energiekris an déi aner ass d’Europäesch Unioun ëmmer nees gezwongen hir Prioritéiten ze iwwerschaffen. Sinn d’Präisser niddereg, da steet d’Kompetitivitéit am Fokus, an esoubal an enger Krisesituatioun d’Präisser unzéien, da ginn nees Pläng fir erneierbar Energien op den Dësch geluecht. An esou Situatioune sinn zimmlech onberechenbar fir d’Ekonomie, well d’Industrie kee kloren Engagement a klore Wee gesäit. An dofir ass d’Fro scho pertinent, ob Kompetitivitéit a Klimachangement kënne cohabitéieren. De Jean Claude Majerus resuméiert déi europäesch Meenungen zu dësem Theema.
An den nächste Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” geet et ëm d’Kompetitivitéit, also ëm d’Fäegkeet an de Wëllen, sech an dem ekonomeschen Ëmfeld an och géint eng zolidd Konkurrenz ze behaapten. D’Kompetitivitéit ass e Motor fir Fortschrëtt, Innovatioun an Entwécklung. Aktuell geet et virun allem dorëms, d’Kompetitivitéit fir d’Zukunftvun Europa ze sécheren, mee wëllt een dat och wierklech a wéi kann een dat maache? Kann an deem Kontext e Label “Made in Europe” hëllefen, d’Ekonomie an der EU ze sécheren. Soll d’EU
Dës Kéier geet et awer ëm e Beräich, wou ee wuel eppes driwwer weess an awer huet ee kaum en Duerchbléck. An zwar geet et ëm Geheimdéngschter oder Noriichtendéngschter. Wat sinn hir Missiounen? Wat sinn déi nei Erausfuerderungen, déi op d’Noriichtendéngschter duer kommen, a wéi preparéiere sech d’EU-Memberstaaten dorobber. Besonnesch well et net ganz kloer ass, wéi eng Roll d’USA an deem Ganze spillen, an a wéi wäit een nach op d’Ënnerstëtzung vun den USA ziele kann. Wéi schaffen d’Geheimdéngschter da bannent der EU zesummen - besonnesch mat der Situatioun, datt an der EU Länner aus West- an O
An den nächsten dräi Episode vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” steet d'Defense a Sécherheet, Arméi an alles wat mat Militär ze dinn huet, am Mëttelpunkt. An dat schéngt jo u sech kloer mat der aktueller Krich-Situatioun an Europa, de Konflikter am Noen Osten an och mat der dach alles anescht wéi stabiller Realitéit am Wäissen Haus zu Washington, zënter deem den aktuellen US-President Donald Trump do nees d’Soen huet. An eise Podcaste goung scho méi dacks iwwer KI a soss neien technologeschen Entwécklunge
Am leschte vun dräi Podcasten iwwer déi aktuell Situatioun an Europa am Kader vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” geet et ëm Migratioun. Awer eng aner Migratioun wéi déi iwwert déi et meeschtens an der Aktualitéit geet. Nämlech eng gewësse Migratioun bannent Europa a méi genee beschriwwen, ëm Europäer, déi bannent den europäesche Grenzen hin an hier plënneren. Bleiwen ech oder ginn ech ass eng Fro, déi vill jonk Mënsche sech stellen. Eng éischte Kéier, wou déi Fro meeschtens opkënnt, ass no der Première fi
D’Vertrauen ass eng grouss Erausfuerderung vun eiser aktueller Zäit. Datt een deem Anere vertraut hëlt méi a méi of, oder ass deels scho bal komplett verschwonnen. Dofir ass d’Iwwerleeung sécher net all ze vermessen, ob d’Generatioun vun haut dozou verdaamt ass, ze mësstrauen. Gëtt d'Skepsis zu Alles a Jidderengem lues awer e sécher e Standard an eiser Welt? Genee dorëms geet et an dësem Podcast am Kader vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus”. Ass d’Mësstrauen eng Suite vun de sëllege Krisen, déi mir erlieft h
An den nächsten dräi Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech déi Kéier mat der aktueller Situatioun an Europa, mat där, datt de Krich nees zeréck um Kontinent ass, a wéi et soll weider goen, och am Kontext mat der dach destabiliséierter Situatioun am Wäissen Haus zu Washington zënterdeem den aktuellen US-President Donald Trump säin zweet Mandat iwwerholl huet an hie quasi all Dag mat neie Menacen oder neien Iwwerleeungen op sech opmierksam mécht. An dat ass och e G
An der leschter Episod vun de Podcaste mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” hate mir eis mat der KI an hirem Afloss an hirer Entwécklung an der Aarbechtswelt beschäftegt. Mir bleiwen och déi Kéier nach beim Theema KI, mee mir wiesselen de Beräich a ginn an d’Schoul. Well d’KI jo, gewollt oder ongewollt, och bei Enseignanten, bei Schülerinnen a Schüler an och bei Studenten eng ëmmer méi bedeitend Roll spillt, leie verschidde Froen op der Hand. Froen ewéi: Wéi en Afloss kann d’KI op déi intellektuell Entwécklung vun de näch
Viru 15 Joer konnt nach kee sech richteg virstelle wat Kënschtlech Intelligenz ass. An haut an der aktuelle Welt huet d’KI scho méi oder manner en zolitten Afloss a quasi all Beräicher vun eisem Liewe fonnt. An de nächsten dräi Podcaste mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” stelle mir d’kënschtlech Intelligenz, d’KI, oder AI, wéi och gäre gesot, an de Mëttelpunkt. An dësem Podcast elo geet ëm d’KI an d’Aarbechtswelt. Well d’KI entwéckelt sech och an eis berufflechen Ëmfeld ëmmer weider a kritt ëmmer méi e groussen Impakt.
An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech déi Kéier mat der Liewensmëttelsécherheet. An virun allem ëm d’Fro op d’Sécherheet vun eiser Ernärung och an Zukunft ka garantéiert ginn, besonnesch wou et mat dem Klimachangement ëmmer méi dacks Problemer bei de Recolten ginn an och datt d’Valeur nutritive vun eise Liewensmëttel Gefor leeft ëmmer méi a méi a Fro gestallt ze ginn an op se en adäquaten Niveau kann halen. A ganz Europa waren d’Leit vun Euranet plus ënn
De Rearmement ass sécher e Sujet an der EU, dee muss diskutéiert ginn, besonnesch mat der aktuell geopolitescher Situatioun, déi mir an Europa an och op der ganzer Welt hunn. Et si vill d’Froen, déi ronderëm d’Arméien am Raum stinn, virun allem natierlech, wéi d’Arméien - besonnesch duerch déi nei Technologien an d’KI, déi ëmmer méi eng dominant Roll am modernen oder hybride Krich spillen - sech op déi Situatioun preparéieren. Wéi eng Formatioun brauchen d'Zaldoten? Wéi vill Militär brauche mir? An huet Europa iwwerhaapt d’Capacitéiten, dat ouni Hëllef vun der USA als ee vun Haaptpartner an de
Besonnesch duerch déi extrem Wiederphänomener, mat deenen ëmmer méi dacks Länner a Stied konfrontéiert ginn, muss ee léieren domadder ëmzegoen, a virun allem och no Initiativen ze sichen, wat een dergéint ka maachen. An do ass jidderee gefuerdert: Vum Urbanist, de Politiker bis bei d’Architekten. De Jean Claude Majerus huet dësen Euranet Podcast zesummegesat, a fir de Radio 100,7 och mat enger Architektin a Bauberoderin geschwat.
An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrow's Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk Euranet plus gëtt d'Fro opgeworf, ob d’Mënschen iwwerhaapt à même si mam Impakt vum Klimachangement op eisen Alldag eens ze ginn, an ob si sech scho bewosst sinn, wat dat fir d’Gesondheet vun de Biergerinnen a Bierger an der europäescher Unioun heescht. An ee Beispill, wéi schro d’Konsequenze sinn, a och nach méi schlëmm wäerte ginn, weisen déi sëllege Canicullen, mat deene schonn eng ganz Partie europäesch Länner geplot sinn. Fir de Radio 100,7 huet de Jean Claude Maj
An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrow's Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetztwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech dës Kéier ëm déi kulturell Ierfschaft, déi jidderee vun eis eppes ugeet, a et och e wichtege Punkt ass an der Diskussioun iwwer Wäerter an eiser Gesellschaft. Et ass virun allem och d’UNESCO, déi probéiert, mat hirer Initiativ vum Weltkulturierwen, dës kulturell Vergaangenheet och fir déi zoukënfteg Generatiounen ze präservéieren. Mee ass dat dann iwwerhaapt méiglech? Oder ass eist kulturellt Ierwen am gaangen, ze
An dëser Episod vun de Podcasten mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk Euranet plus gëtt Fro op geworf, ob eng gemeinsam europäescher Sprooch eng Kéier Realitéit gëtt. Et geet awer och ëm den Impakt, deen d’Digitalislierng an d’Globaliséierzung op eis Sproochen kënnen hunn. Fir de radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Euranet Podcast matgeschafft.
Grad elo an dëser Zäit wou d’Fiabilitéit vun der Geschicht a Fro gestallt gëtt oder esou guer a Gefor ass verdréint ze ginn. Et ass un der europäescher Unioun ëmmer nees an ëmmer nees un d’Wichtegkeet vun der, deels gemeinsamer Geschicht ze erënneren. De Jean Claude Majerus huet dëse historeschen Euranet Podcast zesummegesat.
An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetztwierk “Euranet plus” beschäftege mer eis déi Kéier mat der Stëmm déi Europa an enger neier Weltuerdnung wäert oder kéint hunn, oder och net. De multilaterale Weltsystem fänkt un ze bréckelen, oder sti grouss weltwäit Organisatiounen virun Zesummebroch. A wéi eng Konsequenze kann dat da fir d’Europäesch Unioun hunn? Wou steet Europa eng Kéier an enger Welt déi net méi op Allianzen a Rechtsstaatlechkeet baséiert mä éischter op enger neier Verdeelung vun der Muecht. De Jean Clau
An dëser Episod vum Podcast "Tomorrows Europe" oder "Europa muer" vum paneuropäesche Radionetzwierk Euranet Plus beschäftege mir eis mat de Relatiounen oder méiglechen neie Relatioune vun der europäescher Unioun mat Partner op der ganzer Welt. Eng Fro déi am Raum steet ass: Wéi gesäit et aktuell mat den traditionelle Partnerschaften aus? Wéi zum Beispill der NATO, der UNO oder soss internationalen Organisatiounen. De Jean Claude Majerus huet dëse Podcast iwwert d’Iwwerliewe vun Allianzen oder iwwer nei Kreatioune vun Allianzen zesummegesat.
An dëser Episod vum Podcast "Tommorrows Europe" oder "Europa muer" vum paneuropäesche Radionetztwierk Euranet plus beschäftege mir eis mam Trend vum wirtschaftleche Protektionismus an den Auswierkungen op Europa. D’EU gouf op der Iddi vum Fräihandel a Liberalismus gegrënnt. Mee de Fräihandel huet u Popularitéit verluer, och bannent der EU. Dat gesäit een un der ëffentlecher Reaktioun op rezent Fräihandelsaccorden (CETA, EU-Mercosur-Accord) an och wärend an no der Covid-Pandemie. D’EU gesäit sech elo och mat enger ëmmer méiglecher staarken Hausse vun Douanestaxen aus den USA konfrontéiert, wat
Et ass en Term, dee kengem méi wäert friem sinn, well en an de leschte Méint méi a méi gebraucht gëtt an och dacks an der Aktualitéit steet: Da wa vu sougenannten “Terres Rares” riets geet. Iwwerhaapt ass d'Theema vu Matière-premièrë ganz aktuell, well besonnesch am Beräich vun den neien Technologië ginn där “Terres rares” a verschidden aner kriddeleg Matière-premièrë méi a méi gebraucht. E weltwäite Problem, mat deem awer och déi Europäesch Unioun geplot ass. An dësem Podcast vum paneuropäesche Radinetzwierk Euranet Plus an der Serie “Tomorrows Europe” oder “Europa Muer”, geet et ëm déi rare
Am zweete Podcast vun der neier Serie vum paneuropäesche Radionetzwierk Euranet plus “Tomorrows Europe” oder “Europa Muer” geet et ëm d’Energie. Besonnesch mat der aktuelle Situatioun, déi d’Europäesch Unioun erlieft, mam Krich an der Ukrain, an domadder verbonnen datt ee sech net méi wëllt op Energieressourcen aus Russland stäipen, muss een iwwerleeën, wéi een de Problem mat den Energiereserven an de Ressourcen an de Grëff kritt. D’Journaliste vum Euranet Plus waren a ganz Europa ënnerwee fir sech mat dem Energiezeenario ze beschäftegen. Fir de radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem
Dat paneuropäescht Radionetzwierk Euranet Plus lancéiert eng nei Serie vu Podcaste mat der Iwwerschrëft "Tomorrows Europe" oder "Europa Muer". D’Radiostatiounen aus dem Reseau Euranet Plus beschäftege sech mat enger Panoplie vun Theemen, déi déi Europäesch Unioun aktuell concernéieren. Am éischte Podcast vun der neier Serie geet et ëm Defense an d’Sécherheet an Europa, oder besser gesot ëm Zukunft dovunner an enger Welt déi am gaangen ass ze changéieren. A wou besonnesch de Krich an der Ukrain an de Wiessel am Wäissen Haus zu Washington der Europäescher Unioun vill Kappzerbrieches maachen. Pod
Déi technologesch Changementer, déi mir aktuell erliewen, hunn d’Muecht, eis Gesellschaft nawell zolidd ze splécken. An dofir ass et wichteg, eng gewësse Kontroll am Beräich vun den neien Technologien ze halen. Et gi scho grouss Ënnerscheeder tëschent den EU-Länner, wat zu enger Diskriminéierung bannent der Populatioun ka féieren. Wat kann d’EU an dësem Fall maachen? Dat ass de Sujet vun dësem Euranet-Podcast presentéiert vum Jean Claude Majerus.