Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "Histoire d’amours" vum Serge Joncour, ee Roman, dee wéi viru Kuerzem och dem Jemp Schuster seng "Spawecken" tëschent zwou Epoche spréngt, fir d’Geschicht vun engem Territoire, enger Regioun an de Mënschen, déi do liewen, ze erzielen.
Mëtt Oktober gëtt de Luca Vaillancourt de Dios - vun Triana y Luca an de Pescadores - seng éischt Solo-Plack eraus, mat engem Live Concert am Centre Culturel opderschmelz. Eng Stëmm, eng Nylonsgittar, spuenesch Häerzfaseren an e puer nostalgesch, elektronesch Schieter bestëmmen d‘Songs vu senger kommender Plack „de amor y desamor“. De Marc Clement wollt méi wëssen.
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen a Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "Notre-Dame-des-Anges" vun der Célia Houdart. Ee Roman tëschent Familljegeschicht an Autofiktioun, an deem d’Schrëftstellerin eng Korrespondenz vun 2.000 Bréiwer tëschent hire Grousselteren opschafft.
D‘Dolly Parton ass als Country-Ikon bekannt, déi de Genre duerch eng Rëtsch grouss Hits an de Mainstream bruecht huet. Mee si war och eng Schauspillerin, Geschäftsfra an eng Philanthropin, déi sech hiert Liewe laang fir déi manner bemëttelt agesat hat. Am polariséierten Amerika ass si eng vun de raren Perséinlechkeeten, déi vun alle Säite beléift ass. Hei een Noruff op d‘Dolly Parton vum Claire Barthelemy
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen a Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis, wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn, a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "La Grande Interruption" vun der Sibylle Grimbert – een intelligenten dystopesche Sci-Fi-Roman, dee sech virstellt, wéi eng vun de Maschinnen dirigéiert Mënschheet ausgesäit.
De Kurt Wagner ass de Leadsänger an eenzeg bleiwende Member vun engem ufanks bis zu 18-käppegen Nashviller Kollektiv mam Numm Lambchop. Fir de 17. Lambchop-Album hat de Kurt Wagner, Leadsänger, eng absolut fantastesch Iddi: Seng intim, nikotinbeluegte Stëmm mat de rengen, klore Stëmme vu Chouersänger ze kontrastéieren. Eraus kënnt “Punching the Clown”, een Album, deem säin Titel schonn en neien Niveau vum Wagner sengem Songwriting suggeréiert.
Net grad déi lëschtegst Summerlecture, trotzdeem derwäert, der Ann-Christin Kumm hiren éischte Roman "Ultramarin" ze liesen, mengt d'Valerija Berdi. D'Buch ass am Hanser-Verlag eraus komm.
Mir sinn am Zäitalter vun der KI ukomm, do gëtt et keen Zweiwel méi. Ass den Hype awer berechtegt? An wéi genau wäert dës nei Technologie all eenzele betreffe? Den Cory Doctorow gëtt a sengem neie Buch ganz wäertvoll Denkustéiss. D‘Claire Barthelemy huet et fir eis ragelies.
EUYO ass d’Ofkierzung fir den European Union Youth Orchestra. Zënter 50 Joer ee vun de renomméiertsten Jugendorchesteren vun der Welt an de Jugendorchester vun der Europäescher Unioun. Joer fir Joer kommen aus 27 verschiddenen Natiounen Musekerinnen a Museker zesummen, fir ee Joer laang eng Ausbildung ze genéissen an op Tournée ze goen. Am Jury an Conseil d’administration vum EUYO ass och den Joe Haas, responsabelen beim Lëtzebuerger Kulturministère fir d’Ënnerstëtzung vun Artisten.
De Schluss vun de Congés annulés ass glaichzaiteg bal de Startschoss fir d'Rentrée... Fir all déi. déi zu Lëtzebuerg Musek liewen an otmen, huet de Marc Clement e puer Hierscht-Concerts-Rendezvousen, a kommend Releases vu Lëtzebuerger Museker zesummegedroen.
De japanesche Museker, Produzent Komponist Keigo Oyamada ass zanter ronn 30 Joer de Cornelius, en elektronesche Museker gepräägt vun der japanescher City Pop Kultur. Den Numm hat hien deemools un de Schimpans am originale Planet of the Apes Film vun 1968 ugeleent, a säin Duerchbrochsalbum “Fantasma” vun 1997 huet deemools Vergläicher mam Brian Wilson abruecht, esou kandlech-verspillten Tournure waren dorop ze fannen. De Marc Clement huet an den neisten Album vum Japaner erageläuschtert.
Witzeg, sensibel, melancholesch a beréierend – esou ass den neie Roman vum südkoreanesche Schrëftsteller Kim Ho-Yeon. Dofir ass och d‘Buch "Jae-yeons Reise ans Meer" e Liestipp vum Valerija Berdi. D‘Buch ass an däitscher iwwersetzung am Hanser-Verlag erauskomm.
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn, a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Den Ufank vun der Serie iwwer déi franséisch Rentrée littéraire mécht "La dernière des Wilberforce" vun der Julia Kerninon – eng Zort Agatha Christie Remake am Kontext vu männlecher Toxeschkeet.
Smartglasses si Brëller, déi kleng Kameraen a Microen am Gestell hu mat deenen ee ganz einfach filmen an ophuele kann. De bekanntste Modell ass vu Meta: D‘Firma hanner Facebook, Instagram a WhatsApp. Meta gëtt elo kritiséiert, well dës Brëller ëmmer méi benotzt gi fir Leit heemlech ze filmen. Géint dës nei Tech-Gadgete gëtt et elo ëmmer méi Widderstand. D‘Claire Barthelemy bericht vu London.
Den Pulitzer Präis fir Fiktioun ass dëst Joer un e Buch gaangen, an deem sech Krichsliteratur a Science Fiction mateneen vermëschen. Et ass dem Daniel Kraus säi Buch "Angel Down". An dat huet hien an engem eenzege Saz geschriwwen. D‘Claire Barthelemy huet et fir eis gelies.
Well en Handy futti fiert, kann ee Mann säin Interview net an den uerdentleche Konditioune féieren. Wat wéi ee journalisteschen Albdram kléngt, féiert am Ben Lerner sengem kuerze Roman “Transcription” zu enger poetescher Meditatioun iwwer Memoire, Identitéit an d’Archivéiere vu Wëssen an enger Zäit, an där de Smartphone dacks d'Denken an d’Stockéiere fir eis iwwerhëlt. De Jeff Schinker huet de Roman fir eis gelies – an ass begeeschtert.
Gëschter huet eis d’Noriicht erreecht, datt de Lëtzebuerger Auteur Robbie Martzen am Alter vu 56 Joer gestuerwen ass. De Robbie Martzen huet Prosa a Lyrik an an englescher Sprooch geschriwwen. Seng Texter sinn ënner anerem an de “Cahiers luxembourgeois” an an “nos cahiers” publizéiert ginn. Hien ass reegelméisseg an England fir seng Lyrik ausgezeechent ginn, grad esou wéi ze Lëtzebuerg beim Nationale Literaturconcours. Seng éischt eegestänneg Publikatioun "A Pint of fish fingers. Tales of a wonderer" ass ze Lëtzebuerg bei Black Fountain Press erauskomm. An dëser "Textsammlung " faasst de Robbi
An haut e weidere Liestipp vum Valerija Berdi. Et ass dem Guy Helminger säi Gedichtband: Gebäude für Breitengrade. D‘Buch ass am däitschen Elif-Verlag erauskomm.
E Flüchtlingsdrama erzielt aus der Perspektiv vun engem Hong. De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn dësen originellen ungaresch-griichesche Film beschwat.
Den nigerianesch-stämmege Londoner Joshua Idehen verbreet mat sengem housege World-Pop ee radikal-friddleche Message op der Bün: laizistesch, mënschlech, empathesch, an disco-fanatesch. Gëschter Owend huet de Museker live zu Bouneweg bei de Congés annulés gespillt, an dat mat engem Schotz vum Lëtzebuerger Napoleon Gold sengem Feinsten. De Marc Clement war fir eis lauschteren.
An der Adeline Dieudonné hirem véierte Roman "Dans la jungle" erfuerscht d’Belsch Schrëftstellerin eng toxesch Bezéiung, déi tragesch endegt. De Jeff Schinker huet de Roman gelies, a verréit, wisou de Roman sech, trotz senger Donkelheet, wéi ee spannende Thriller liest.
Den amerikaneschen Horror-Survival-Thriller "The Last House" setzt eng Famill an Zeen, déi wärend engem forcéierte Confinement zolitt op d'Prouf gestallt. De Michel Delage mat enger Kritik vun dësem Netflix-Film.
D'Lena Dunham hat immens Erfolleg mat hirer Serie "Girls", an där si d'Liewe vu jonke Fraen zu New York an den 2010er Joren duergestallt hat. Ganz ongefiltert ass et hei ëm Relatiounen, Sex, Aarbecht a Famill gaangen. Wéi et awer hanner de Kulissen ausgesäit, wann ee jonke Mënsch esou séier berüümt gëtt an dann och nach mat chronesche Krankheeten ze kämpfen huet, dat beschreift d'Lena Dunham an hirem neie Memoire "Famesick". D'Claire Barthelemy huet d'Buch fir eis gelies.
Datt Familljen net just eng Plaz vu Sécherheet, Léift a Zesummenhalt sinn, dierft gewosst sinn. Déi däitsch Schrëftstellerin Birgit Bachmann stellt an hirem Debut-Roman "Ein Samstag im August" eng ganz Rei Persoune vir, déi duerch familiär Liene matenee verbonne sinn. Queesch duerch Generatioune weist d‘Autorin op Geheimnisser, Suergen, Dreem a Verbatterung hin, an datt Famill alles ka sinn. Op alle Fall esou licht wéi den Titel et versprécht, ass dëst Buch net. E Liestipp vum Valerija Berdi. "Ein Samstag im August" vun der Birgit Bachmann ass am Penguin-Verlag erauskomm.
"Eng Woch Stuerm" passéiert, wann de Gudde Wëllen an der Helleggeescht Gaass dem Label Two Steps Twice de Schlëssel fir eng Woch gëtt a seet: "Maacht wat dir wëllt". Wat si wëllen, ass Panels iwwer Filmsynic, Songwriting-Workshops, Echangen iwwer Film, Musek an hire Marketing, an natierlech ee Concert an eng House-Party. Reportage vum Marc Clement um vum Freiden den Owend, kuerz viru Schluss vun der "Woch Stuerm".