Episodes
Reading the feed…
Reading the feed…
Mir froen den Escher Oppositiounschef, wéi hien d'Aarbecht vun der schwaarz-blo-grénger Koalitioun no 3 Joer bewäert.
D'Vertrieder aus der Landwirtschaft zéien en éischter negative Bilan vum Karschnatz 2026. Wéi kann a wëllt d'Politik elo dem Secteur ënner d'Aerm gräifen?
Zënter e Méindeg gëtt am Bausecteur nees geschafft – fir déi Geleeënheet maache mir de Point zu der Situatioun am Secteur vun der Constructioun. Deen huet mat Personalmanktem a Liquiditéitsproblemer ze kämpfen.
Ass d'Schueberfouer ze deier? Wat kascht se eigentlech d'Forainen? A wéi bleift d'Kiermes fir déi Jonk attraktiv? Doriwwer schwätze mir mam President vun der Federatioun vun de Forainen.
Hëtzt an Dréchent hunn den Uebstbeem massiv zougesat. Wéi steet et ëm d'Récolte 2026 a wéi mussen d'Uebstbaueren sech fir d'Zukunft opstellen? Doriwwer schwätze mir mam Jean-Claude Muller, dee säin Haff zu Contern schonn a 6. Generatioun bedreift.
De Minett-Kompost soll Schmotzwaasser an de Kanal an an eng Baach lafe gelooss hunn. Wéi reagéiert den Ëmweltministère?
Mam Finanzdirekter vun der Transportfirma geet ënner anerem rieds iwwer Dieselpräis, E-Mobilitéit (am Camionsberäich) a Recrutementsproblemer.
De President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere reagéiert op déi neist Entwécklungen am Clinch mat Regierung a CNS.
De Regierungsrot huet gëschter déi zwee Règlementgrand-ducallen ugeholl, déi d'Konventiounen tëschent (Zänn-)Dokteren an CNS ersetzen. Wat ännert?
No bal 8 Joer un der Spëtzt vum Mierscher Theater ass de Claude Mangen den 1. August a Pensioun gaang. Wéi gesäit hien d'Roll an d'Zukunft vun de regionale Kulturhaiser?
Geet et mat der aktueller Klimapolitik vun der Regierung duer, oder mussen CSV an DP méi ambitiéis ginn? Déi Fro stelle mir dem DP-Deputéierten, deen als Bauer d'Auswierkunge vun Hëtzt an Dréchent un éischter Front erlieft.
Wéi reagéieren d'Salariatsvertrieder an der Gesondheetskeess op d'Ukënnegung vun der AMMD, keng nei Konventioun mat der CNS wëllen ze ënnerschreiwen?
Ass de Summer, dee mir grad erliewen, dat bescht Argument fir eng méi konsequent Klimapolitik? Dat hu mir den CSV-Politiker gefrot.
Wéi vill Schued maachen Hëtzt an Dréchent am Lëtzebuerger Bësch? Froen un de Chef vun der Natur- a Bëschverwaltung.
D'Zuel vun de Prisonnéier ass an der Lescht staark gewuess. Mir froen no, ob geschwë schonn nees en neie Prisong muss gebaut ginn.
Direkt e puer Lëtzebuerger Institutioune waren zënter dem Ufank vun der Summervakanz vu Cyberattacke betraff. Ass dat Zoufall? Mir froen de CEO vum House of Cybersecurity.
Wéi een Impakt huet d'Dréchent op d'Drénkwaasserversuergung? Dat froe mir de Chef vun der zoustänneger Verwaltung.
D'Nationalarchive sinn amgaangen op de Belval ze plënneren. Mir froen d'Direktesch, ob si d'Plënneraktioun nach ofgeschloss kritt, éier si am November an d'Pensioun geet.
De Lëtzebuerger Flughafe soll an den nächste Joren ausgebaut ginn. Mir froen de CEO vun der Bedreiwergesellschaft, wat genee geplangt ass.
Mir froen d'CSV-Politikerin, wéi si no ville Kontroversen nees Rou an d'Hesper Gemeng brénge wëllt.
Wéi ass d'Situatioun um Aarbechtsmaart? Mir froen d'Direktesch vun der Aarbechtsverwaltung
De Krich am Iran ass nach ëmmer amgaangen, an awer ass den Uelegpräiss bis elo manner staark geklommen, wéi am Ufank gefaart. D'Lëtzebuerger Expertin erkläert eis, firwat dat esou ass.
Am Oktober wäert déi fréier gréng Fraktiounscheffin fir d'Joëlle Welfring an d'Chamber noréckelen. Mir froen si, wat si sech fir hire parlamentaresche Comeback virgeholl huet.
De Bouneweger Lycée wëllt fir d'Rentrée och Klassen am Classique ubidden. Mee vill Schüler:innen, déi dohin orientéiert goufen, wëlle léiwer an en anere Lycée. Wéi geet et elo virun?
Den Thoraxchirurg huet déi medezinesch Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg opgebaut. Mir froen hien, wéi eng grouss Defien et nach an dem Beräich gëtt.