Episodes
Reading the feed…
Reading the feed…
Am Fräie Mikro kuckt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, aus humanistescher Siicht op de wuessenden Drock Jonker ënner 16 Joer aus de Soziale Medien auszespären. Hien luet an dës Iddi kritesch ze préifen, unhand vun de wëssenschaftlechen Erkenntnisser a vun de Kannerrechter, a freet sech, ob de Schutz vun de Jonke wierklech heesche muss, datt een d’Dieren zoumécht.
Déi international Communautéit feiert deemnächst mat enger Rei Evenementer de 75. Anniversaire vun der Genfer Flüchtlingskonventioun vun 1951, ënner anerem um Stéchdatum vum 28. Juli zu Genf am Palais des Nations. Gläichzäiteg bedrot d'EU mat hirem neien Asyl- a Migratiounspakt zentral Protektiounsmechanisme vun där Konventioun. E Grond fir den Historiker Denis Scuto un dëse Meilesteen am Beräich vun de Mënscherechter viru 75 Joer ze erënneren.
A Frankräich huet déi nächst Canicule ugefaangen an och zu Lëtzebuerg soll et och den nächsten Deeg nees gutt waarm ginn. D’Politik diskutéiert wéi een am beschten op d’Hëtzt reagéiere soll a schafft u Plan-canicullen. De Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum stellt am Fräie Mikro fest, datt d’Politik d’Urgence vu Moossname géint d’Klima- a Biodiversitéiskris nach net verstanen huet, obschonns d’Hëtzt ee Rekord nom anere brécht.
Send them back! Mat deem Gejäiz huet de rietse Block am Europaparlament de Vott iwwer de Reglement Retour gefeiert. Vill ONGe verurteelen dëst Reglement als dat geféierlechst Anti-Migratiounsinstrument an der rezenter Geschicht vun der Europäescher Unioun. Dohannert stécht eng Logik vu Friemefeindlechkeet, Sécherheetswan, iwwerdriwwenen Zwangsmoossnamen a Mëssuechtung vun de Grond- a Mënscherechter, fënnt och d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen, an hirem Fräie Mikro haut.
Déi lescht Deeg hu ganz Europa ënner enger aussergewéinlecher Hëtztwell gelidden. Rekordtemperature goufen och zu Lëtzebuerg gemooss. Wat bedeiten dës Rekorder? Sinn et Ausnamen, en Zeeche vum Klimawandel oder en Deel vun natierleche Klimazyklen? A wat bedeit dat ganz konkreet fir eis Schoulen? Dozou e Fräie Mikro vum Philosoph Jean-Luc Thill.
Lescht Woch war Lëtzebuerg den Zentrum vum europäeschen Tech-Universum: Den Nexus-Sommet huet d'Luxexpo gefëllt - mat anscheinend méi wéi zéngdausend Visiteuren aus iwwer fofzeg Länner - alles ënner dem Banner “Accelerating AI and Tech for a Better Tomorrow". Am Fräie Mikro freet de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, wouhin dës Beschleunegung eis eigentlech féiere soll.
Et ass nach ee Mount bis zur Summervakanz. An eisem Fräie Mikro hei geheie mir schonn e Bléck no vir op d’Rentrée. Vun Hierscht u mussen d'Schüler:innen zu Lëtzebuerg nämlech méi laang an d’Schoul goen. D'Schoulflicht gëtt vu 16 op 18 Joer erhéicht. D'Zil wier, d'Zuel vun de Schoulofbriecher ze reduzéieren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch am Hierscht 2021 annoncéiert. D‘Iddi ass gutt, mee d’Schoulen hunn elo e grousse Problem, seet d’Judith Reicherzer, fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.
Ëmmer méi dacks gi Gesetzer mat immensem Zäitdrock am Parlament gestëmmt. Woubäi richteg Debatten an Analysen op der Streck bleiwen. Dat ass net nëmme problematesch fir d’Roll vun eisem Parlament, mee och allgemeng fir d’Glafwierdegkeet vun den demokrateschen Instanzen, mengt de Frank Wies a sengem Fräie Mikro.
Virun engem gudde Mount huet eng grouss Majoritéit am EU-Parlament fir d'Aféierung vun enger eenheetlecher strofrechtlecher Definitioun vu Vergewaltegung gestëmmt. Doranner soll de sougenannte "just jo heescht jo" Prinzip verankert ginn. Wat domat gemengt ass, domat befaasst d'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender sech an hirem Fräie Mikro.
Véier franséisch Organisatiounen hunn den 22. Abrëll eng Plainte géint Deliveroo an Uber wéinst Mënschenhandel beim Parquet vu Paräis agereecht. Si werfen deenen zwou Liwwerplattformen e Wirtschaftsmodell vir, deen op der Ausbeutung vu prekariséierten Aarbechtskräften ënner inakzeptabele Bedéngunge baséiert. Och zu Lëtzebuerg ass dëst Theema brandaktuell an net manner ëmstridden. Eng Meenung vun der Laura Zuccoli
Gëschter gouf den UNESCO-Rapport “World Trends in Freedom of Expression and Media Development“ fir d’Joren 2022-2025 virgestallt. D’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, geet am Fräie Mikro op déi wichtegst Erkenntnisser an.
D'lescht Joer sinn d'Biergerinnen an d'Bierger vun dësem Land nom Luc Frieden sengen Ukënnegungen zur Rentereform an der Ried zur Lag vun der Natioun en masse géint hien an d'Politik vu senger Regierung op d'Strooss gaang. Sondage no Sondage verléiert hien zanterhier, a mat him seng Partei a seng Regierung, un Zoustëmmung. Wéi d'lescht Joer kommentéiert den Denis Scuto a sengem Fräie Mikro den Etat de la nation 2026.
D’lëtzebuergesch Schoul setzt zanter Joren ëmmer méi op formativ Bewäertung a Feedback amplaz op reng Selektioun duerch Noten. Besonnesch am Secondaire stéisst dës Approche awer ëmmer nach un hir Grenzen. Well trotz Remediatiounen, Feedback a Verbesserungen bleift fir vill Schüler virun allem d’Endnote relevant. Dobäi verschwannen déi korrigéiert Prüfungen – an domadder och e wichtegen Deel vum Léierprozess – emmer nach an den Archiven. D’Fro stellt sech also: Wéi vill “making learning visible” bleift eigentlech iwwreg, wann um Enn virun allem d’Zuel um Bulletin zielt? E fräie Mikro iwwer léie
E Bündnis vun Esoteriker, Verschwörungsideologen a rietsextremen Influenceren — fir e gestrante Buckelwal an der Ostsee. Wéi konnt et dozou kommen, a wat seet et aus iwwer den Zoustand vun eiser ëffentlecher Debatt? Iwwerleeungen dozou am Fräie Mikro vum Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg.
D’Zuele vun de Leit, déi ouni Autorisatioun an d’EU areesen, gi kontinuéierlech erof. Net well manner Leit op der Flucht wieren, mee well d’EU an hir Memberlänner de Wee fir eran ëmmer méi schwéier maachen. Repressioun eleng, ouni alternativ Immigratiounsméiglechkeeten, bleift kuerzsiichteg Politik a stellt keng nohalteg Léisung duer, mengt de Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist, a sengem Fräie Mikro.
Respekt a Toleranz op där enger Säit, Haass an Ufeindungen op där anerer Säit, eis Gesellschaft weess mat Momenter net méi, wéi si eist Zesummeliewen harmonesch gestalte soll. Munch Initiative si wuel gutt gemengt, mee si bréngen eis net ëmmer weider, mengt de Journalist an Auteur Laurent Moyse a sengem Fräie Mikro.
De Viktor Orban mat senger illiberaler Demokratie gouf bei de Parlamentswalen an Ungarn ofgewielt. Och vis-à-vis vum US-President Donald Trump traue sech ëmmer méi westlech Politiker an och de Poopst Leo XIV., him entgéintzetrieden. De Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, bedauert, datt zu Lëtzebuerg weder d’Kierch nach d’Regierung sech trauen, sech vum Trump a senge Schüler ze distanzéieren.
Lëtzebuerg stellt sech gär als Virbild duer. E klengt Land, oppen, räich a multikulturell. Leider gëtt eng Gesellschaft awer net un hirem Image gemooss, mee un hiren Divisiounen. Beim Walrecht bleift Lëtzebuerg méi wéi jee an zwee gespléckt, mengt d'Laura Zuccoli am Fräie Mikro.
E Phenomen, dee bei de Leit ëmmer méi fir Onmutt suergt, sinn déi elektresch Trottinetten, déi méi oder manner legal zirkuléieren. D’Reglementatioun ass kloer. Mee d’Verhale gesäit oft net dono aus. Dee éischten ass vir, „me first“ ass den einfache Wee, deen der vill fir sech entdeckt hunn. Et ass awer leider kee séchere, och net fir d’Allgemengheet …, mengt d'Isabelle Medinger, Direktesch vun der Securité Routière.
Viru Kuerzem gouf déi 10. Editioun vum Democracy Report vum V-Dem Institut vun der Universitéit Göteborg verëffentlecht. Déi dréchen Zuelen a Statistike vum Democracy Report weisen, wéi dramatesch a Gefor e Modell ass, deen an eise Géigenden als eenzeg richtege gëllt. E Fräie Mikro vun der Simone Beck, der Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.
D’Politik an d’Fuerschung sinn sech eens: Meedercher solle méi technesch Beruffer wielen. Mais den Zäitgeescht ass op retro an di jonk Fraen hu keng Virbiller a keng Loscht op Geschlechterkampf. Et muss een d’Fraefërderung an de Schoulen nei denken, seet d’Judith Reicherzer am Fräie Mikro.
Regelméisseg kënnt zu Lëtzebuerg d’Diskussioun iwert eng Reform vum Wahlsystem op, woubäi d’Fro vun der Ofschaafung vum Panaschéieren stänneg am Raum steet. A Frankräich ass dëse Schrëtt gemaach ginn, mat éischten negativen Konsequenzen op d’Waalverhalen vun de Bierger.
No jorelaangem Waarden op de Flüchtlingsstatut, wëlle vill unerkannte Flüchtlingen esou séier ewéi méiglech hir enkste Familll op Lëtzebuerg a Sécherheet bréngen. Si hunn dofir 6 Méint Zäit a musse keng Wunnengs- oder Akommeskonditiounen erfëllen. Mee ehr si hir Famill kënnen an d'Äerm huele, vergeet oft ganz vill Zäit, kritiséiert d`Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen Laura Zuccoli an hierem Fräie Mikro.
Den däitsche Philosoph a Soziolog Jürgen Habermas ass dout. Hien ass e Samschdeg am Alter vu 96 Joer gestuerwen. Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet den Habermas als “bedeitendsten Denker vun eiser Zäit” gewürdegt. De Philosoph hat Joerzéngte laang déi intellektuell Debatten an Däitschland gepräägt. Bis kuerz viru sengem Dout huet hien sech och zu gesellschaftspoliteschen Diskussioune positionéiert, ënner anerem zum russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain. Wat de Filosof Jürgen Habermas mam Video-Arbitter am Fussball ze dinn huet, dozou de Fräie Mikro vum Historiker Denis Scuto.