D'Summervakanz steet virun der Dier an elo stinn déi Jugendlech virun der Fro: Wat maachen ech wärend deenen 2 Méint? De Simon Larosche huet dat och interesséiert an huet mat hinnen doriwwer geschwat, wat si maachen, ob si schaffe ginn oder dach léiwer an d'Vakanz?
Elo am Summer sinn nees ganz vill Festivaller. Mee wéi ass et mat de Jonken, ginn si nach op Museksfestivaller a wo jo, op wéi een? De Simon Larosche war nees mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
Schellt et iwwerhaapt nach bei de Jugendlechen, wann een hinnen urifft? A wéi eng Téin héiert een dann? De Simon Larsoche war mam Mikro ënnerwee an huet gelauschtert.
Wa gutt Wieder ass, da gëtt de Grill erausgeholl. Mee ass dat och esou bei de Jugendlechen? Grillen si a wa jo, mat wiem?
Den 11. Juni fänkt d'Fussball-Weltmeeschterschaft an den USA, Mexiko a Kanada un. En Turnéier, deen am Virfeld staark kritiséiert gouf. Hunn déi Jugendlech dovunner eppes matkritt? Wäerte si d'WM suivéieren a fir wien drécke si d'Daumen? De Simon Larosche huet nogefrot.
Déi brittesch Federatioun vun den Dokteren huet viru Kuerzem gesot, datt fir si déi Sozial Medie fir Kanner a Jugendlecher genee esou schlëmm si wéi d'Fëmmen. Gesinn déi Jugendlech dat genee esou?
Eng al Lëtzebuerger Traditioun. Mee wat wëssen eigentlech déi Jonk driwwer? De Simon Larsoche war nofroen.
Wat wëssen déi Jugendlech iwwert de Mound a géife gär selwer mol bis dohinner fléien? De Simon Larosche huet nogefrot.
Am Kader vum Europadag, war de Simon Larosche mam Mikro ënnerwee an huet mat de Jugendlechen iwwert Europa an d'Europäesch Unioun geschwat.
Drénken déi Jugendlech vill Waasser? An éischter aus der Fläsch oder dach Waasser aus dem Krunn? De Simon Larosche war mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
Zënter Wochen hänkt de Wal Timmy an der Ostsee fest a kënnt net méi fort. Vill Fräiwëlleger probéieren zanterdeem him ze hëllefen. Mee wéi ass et mat de Jugendlechen, hu si dat iwwerhaapt matkritt a wéi enger Meenung si si? Sollt een dem Wal hëllefen oder soll een der Natur léiwer fräie Laf loossen?
Déi südkoreanesch Popmusek gëtt ëmmer méi beléift. Och hei zu Lëtzebuerg? De Simon Larosche wollt vun de Jugendleche wëssen, ob si dës Musek lauschteren oder och Fan vun der Kultur ronderëm sinn.
An engem viregten Episod hat sech de Simon Larosche d'Fro gestallt, wat sech alles mat dem 16. Gebuertsdag ännert. Dës Woch wollt hie wëssen, wéi ee sech dann elo e puer Wochen no dësem wichtege Gebuertsdag fillt?
Wat halen déi Jugendlech vu Gäert an hëllefen si och am Gaart? Oder ginn se léiwer an d'Gréngt fir ze entspanen? De Simon Larosche huet nogefrot.
De Faaschtemount vun de Muslimen ass nach bis den 19.03 um gaangen. Dofir wollt de Simon Larosche vun de Jugendleche gewuer ginn, wat si driwwer wëssen oder ob si och selwer matmaachen.
Wat wëssen déi Jonk iwwer den aktuelle Krich an der Regioun? Wat sinn d'Grënn a wien ass iwwerhaapt dru bedeelegt? De Simon Larosche war ënnerwee an huet bei de Jugendlechen nogefrot.
Wat soen déi Jugendlech zum Weltfraendag a gi si op d'Marche Féministe, déi op dësem Dag organiséiert gëtt. A wat sinn och hir weiblech Virbiller? De Simon Larosche huet sech nees mam Mikro op de Wee gemaach an nogefrot.
Verschidde Firmen hunn ugekënnegt, datt se 2026 Roboteren op de Marché wëlle bréngen, déi am Stot hëllefe kënnen. Wéi fannen déi Jugendlech déi Iddi? Wier dat eppes, wat si géifen notzen oder gesi si do och Problemer? De Simon Larosche huet nogefrot.
Grad wann ee Jonk ass, ginn et eng ganz Partie Gebuertsdeeg, déi Saachen änneren. Et dierf een dann zum Beispill Saache maachen, déi ee virdrun net huet dierfen. De 16. Gebuertsdag ass esou eng wichteg Etapp. Wéi fillt ee sech dann no dësem groussen Dag? De Simon Larosche wollt dat wëssen.
Den 13. Februar ass de Weltradiodag. An deem Kontext ass de Simon Larosche lassgaangen an huet mat de Jugendlechen doriwwer geschwat, ob si Radio lauschteren a wa jo, wéi?
En Theema iwwert dat an der lescht vill geschwat gouf. Mee wat soen déi Jugendlech dozou? Halen si dat fir eng gutt Iddi? De Simon Larosche huet nogefrot.
A wa jo, wéini a fir wéi eng Aart vu Filmer? De Simon Larosche huet bei de Jugendlechen nogefrot. A wat si Snacks, déi dobäi net feelen dierfen?
25 Joer feiert mëttlerweil schonn d‘Internet-Enzeklopedie Wikipedia. Well awer ëmmer méi Leit hir Infoen duerch eng kënschtlech Intelligenz raussiche loossen, ass den Traffik op der Säit ëm e gutt Stéck erofgaangen. Mee wéi ass et bei de Jugendlechen. Ginn si nach vill op Wikipedia? De Simon Larosche huet nogefrot.
Wéi hunn déi Jugendlech déi éischt Woche vum Joer 2026 erlieft an ob wat freeë si sech dëst Joer? De Simon Larosche war mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
Eppes, wat mëttlerweil fir vill Leit fest an d'Chrëschtzäit gehéiert, sinn d'Chrëschtmäert. Mee wéi bei allem ginn déi ëmmer méi deier. Wéi gesinn déi Jugendlech dat, kënne si sech op deene Mäert iwwerhaapt nach eppes leeschten? De Simon Larosche war nees mam Mikro ënnerwee.